mardi 6 septembre 2011

Gentlemen Vespa Club


Op menger Sich no allem wat sech ëm déi méi al Vespaën dréint, sinn ech op den "Gentlemen Vespa Club" gestouss. Am Resumé heescht et hei sech wéi en Gentleman (bzw. eng Lady) ze behuelen, wann een mat senger historëscher Vespa ënnerwee ass.
Den Gentlemen Vespa Club versicht esou vill wéi méiglech Leit ronderëm d' "Charter of Good Conduct" ze federéieren, awer hält drop datt et Leit solle sinn déi mat enger méi aler Vespa fueren, also net déi modern Modeller mat automatescher Schaltung.
Selbstverständlich hunn ech hei missen direkt "official member" ginn. Wat mer besonnësch gutt an deem Veräin gefält ass datt soss guer keng Flichte sinn wéi sech anstänneg ze behuelen ... wat hautesdags iergendwéi net onbedingt evident ass.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire