vendredi 17 juin 2011

Ozzy Osbourne

Dem Ozzy Osbourne säi Concert an der Rockhal war fantastesch. Mam Marco Weiten zesummen hu mer beschloss seng Virstellung mat "faszinant schlecht" ze betitelen.
Wisou? Ma den Ozzy huet a mengen Aen Kult-Status. Eng Zort Legend am Heavy Metal. Besonnësch mat senger fréierer Band Black Sabbath huet hien jo awer sou groussarteg Stécker wéi Paranoid oder Dreamer opgefouert. Ech si frou doriwwer hien awer wéinstens eng Kéier live gesinn ze hunn. Mee am grousse Ganzen war hien awer schlecht. D'Tounqualitéit an der Rockhal war net déi beschten an den Ozzy ass eben elo een ale Mann (62 Joer) deem seng Stëmm net méi dat selwecht bréngt wéi fréier (fir net ze soen datt hien zimlech falsch séngt). Hien geet do wéi ee vun 90 Joer, mee hien huet trotzdeem flott ofgerockt.
Natierlech bäisst hien kenge Fliedermais méi de Kapp erof, mee dofir besprutzt hien d'Publikum, a virun allem d'Fotografen, mat enger "lance à incendie" aus däer esou ee wäissen Schaum kënnt. Op der Bühn hat hien dann och eng Rei Eemeren mat Waasser, déi hien, wann en net seng Hoer domatt naass gemaach huet, mat Genoss op d'Leit gehäit huet.
D'Musiker spillen hier Stécker perfekt of, d'Gitarre-Soloen souwéi den Batterie-Solo waren och deementspriechend an der Rei. Am Ganzen huet de Concert awer bal 2 Stonne gedauert, wat jo och net schlecht ass.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire