samedi 10 septembre 2011

Vespa



Mäi nächste Projet ass fir mer eng Vespa mat manueller Gangschaltung ze kafen. D'Firma Piaggio huet no enger gewësser Zäit nees déi legendär PX erausbruecht an hiere vintage Look gefält mer ganz besonnësch. Well eisen Transportministère jo décidéiert huet, datt mer zu Lëtzebuerg vum nächste Joer un sollen mam Autosführerschäin däerfen eng 125er steieren, hunn ech mäi Choix ganz natierlech mat der PX125 vu Vespa getraff.

Am bloen fannen ech se ganz besonnësch schéin an se trefft fir mech an dëser Faarw am beschten den Style aus de 50er-60er Joeren. Eng Vespa ass a mengen An net einfach e Scooter. Et ass einfach e Symbol vu Fräiheet a schéinem Liewen (bella vita) an se ass e richtege Mythos aus eiser Zäit. E Klassiker deen nie ausser der Moud wäert sinn. Dobäi denken ech datt d'Vespa ganz einfach zu mer passt.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire