jeudi 2 janvier 2014

Komesch Zoustänn

Da fänkt haut een Neien um Büro un, an ech wosst näischt dovunner. Do kann ee sech jo awer scho Froe stellen.

mercredi 1 janvier 2014

Happy New Year



Tipptopp an dat neit Joer gestart. No engem gudden Iessen beim Inder si mer heemkomm wou den Alex mat Frënn am Gaang waren op der PS4 zesummen ze spillen. E puer mol anstänneg gelaacht, e gudden Dessert giess, jidderengem gewënscht an dunn esou géint halwer zwou an d'Bett gefall. Haut dann dee ganzen Dag gerascht an sech ëm d'Demanden fir d'Samsung Cadeauen bekëmmert. Fir d'Owesiessen beim Chines bestallt, e bësse Fernseh an da schlofe goen. Wënsche jidderengem e suergefräit Joer, eng bommefest Gesondheet, Gléck a Frëndschaft fir dat Neit Joer a fir all déi Joeren duerno.

vendredi 22 février 2013

Theater (5)


Wéngt dem schlechte (Wanter-)Wieder hate mer eisen Theaterowend misse verleeën. Fir awer eng "gutt" Sëtzplaz ze kréien, hu mer e ganze Mount gewaard. An d'Waarden huet sech gelount, well mer hunn e witzegen a lëschtegen Owend verbruecht.
Obwuel mer d'Stéck beschtens kannt hunn an ënnert sengem Originaltitel 'Le Père-Noël est une ordure' als Film an als Theatervirstellung schonn e puer Mol gesinn haten, war et eng super Adaptatioun op lëtzebuergesch.
Wéi den Zoufall et wëll hat eise jéingste Bouf dëst nämlecht Stéck am Cader vum Schoultheater opgefouert an hien huet deeselwechten Owend eng Plaz kritt zesummen mat sengem Schauspieler-Kollég deen och an dësem Stéck eng Haaptroll am Schoulstéck hat.

jeudi 27 septembre 2012

Palma



Mallorca vum 26. September bis de 5. Oktober 2012

Dës Kéier hate mer d'Geleeënheet fir 2 Deeg méi laang an d'Vakanz ze fueren. Leider hate mer déi éischten Deeg keng Chance mam Wieder. Et huet mat Momenter nawell zolitt gereent.
Dat war also e gudde Grond fir d'Stad Palma ze besichen. An et war eng immens angenehm Iwwerraschung well et ass eng ganz schéi Stad déi et der Wäert ass.
Fir t'éischt ware mer emol 2 Präbblië kafen an du si mer an en Informatiounslokal gaang fir e Plang vun der Stad ze kréien datt mer eis orientéiert kruuten. Eis éischt Visite huet natierlech an d'Kathedral gefouert. Duerno duerch déi wonnerschéi Stroosse spazéiert an eppes op eng Terrasse drénke gaang.
Well et esou flott war, a well et deen Dag duerno nach gereent huet (awer net méi sou vill), si mer eng 2. Kéier d'Stad besiche gaang.
Mär waren op alle Fall iwwerzeegt vun der Schéinheet vun dëser Stad.

vendredi 13 avril 2012

Theater (4)



Freideg den 13. war et alt Geleeënheet fir e super flotten Theaterowend ze verbréngen. Dem Déifferdanger Theater säin neit Stéck, "Fir d'Frecken net", war aussergewéinlech ustrengend fir d'Laachmuskelen. Läit un der Geschicht, läit et um Text, läit et um Spill vun den Duersteller? Soll et net einfach e bësse vun Allem sinn, well alles huet gestëmmt.
Kee Wonner datt mer no 2 Stonnen d'Gefill haten e wonnerbaren Owend verbruecht ze hunn. Selten hu mer esou gelaacht wéi während dësem herrlech witzege Stéck. Vun hei aus e grousse Merci un déi ganz Equipe vum TMD fir hier Leeschtung.

lundi 27 février 2012

Vespa 50 special


Et war also vu kuerzer Dauer. De Vendeur mengt ech hätt déi falsch Astellung fir eng al Vespa besëtzen ze wëllen. Esou en aalt Gefier géif eben net ëmmer ugoen an et wär eben ëmmer nees eppes drun ze maachen.
Selbstverständlich ass dat jo absolut onverständlech: eng zu 100% nei gemaachte Vespa soll e Gefier sinn op dat Vertrauen ass. Sou war och dem Vendeur seng éischt Ausso fir se zu engem "zolitten" Präis ze verkafen: domatt hues de 10 Joer net een eenzege Problem.
Meng schéi Vespa ass fort; de Vendeur huet se recuperéiert, ech hu meng Suen zréck. Natierlech hunn ech e puer Plommen hänke gelooss: Foussmatte, Compteur, Bougieën hunn ech bezuelt a keen Euro dofir erëmkritt ... mä ech hunn déi falsch Astellung.
De Moment sinn ech e bëssen degoûtéiert ...

vendredi 3 février 2012

Theater (3)


Den TMD (Théâtre Municipal Differdange) huet erëm e neit Stéck opgefouert. Dat Stéck heescht "d'Jonggesellekëscht" an déi ganz Equipe huet et nees fäerdeg bruecht e struppevolle Sall zum Laachen ze bréngen.
Wéi gewinnt hu mer eis gutt ameséiert a mer hu vill gelaacht. Dat Eenzegt wat negativ opgefall ass, well d'Stéck zimlech laang dauert, ass datt d'Still net onbedingt super confortabel sinn.