mardi 18 janvier 2011

Chrome


Haut den Owend hunn ech mech (endlech) dozou entscheed de Chrome Browser vu Google z'installéieren. Zanter enger gewësser Zäit gëtt et dësen open-source Browser jo schonn, mee ech hu mech iergendwéi bis elo net richteg getraut en ze probéieren.
Hei muss ech zwar och zouginn, datt ech net wosst datt et och eng Versioun fir Mac a fir Linux gëtt. Eigentlech wollt ech op den Chrome-OS waarden fir en op mengem Netbook anzesetzen. Déi läscht Deeg hunn ech widerhuelt vun Chrome-Apps gelies an hat gemengt dës géifen eréischt um Betriibssytem laafen.
Dat ass awer falsch. Um Google-App-Store sinn eng ganz Rei flott Applikatiounen déi een Web-Apps nennt an déi am Chrome-Browser an engem extraen Onglet laafen. Awer virun Allem ass ze bemierken datt deen Internet-Browser richteg schnell ass.
Et kéint nawell ganz gutt sinn datt de Chrome mäi Standard Browser kéint ginn.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire