mercredi 26 janvier 2011

Quo vadis Lëtzebuerg?

Quo vadis Lëtzebuerg ...
... mat engem Minister dee vum Vollek gelyncht gëtt well hien sech als Papp (natierlech) doniewt beholl huet well hien säi Krappschass wollt a Schutz huelen;
... mat engem oder puer Police-Beamten déi sech doniewt beholl hunn well se jonk Leit rennen a vernennen a friemefeindlech Bemierkunge maachen;
... mat enger Presse déi sech doniewt beholl huet well se (a mengen An) Dokumenter a Personalien verëffentlecht hunn déi besser nie publik gewiecht wären;
... mat enger ganzer Rei Commentateuren op Actualitéits-Siten déi sech doniewt behuelen well se schreiwe wéi se schwätzen an dobäi net vill Gescheites vun sech ginn ...
Ech si gespaant op d'Resultat vun der grousser Vollekszielung ... da gesi mer wéi vill Leit hei am Land nach däerfe respektéiert ginn. Niemols hätt ech geduecht datt mer sou wäit kéimen, datt e "gudde" Lëtzebuerger nëmmen ee ka sinn deen e Stack-Lëtzebuerger ass, dee lëtzebuergesch liese, schreiwen a schwätze kann, an deen d'Auslänner aus dem In- an Ausland fir d'Vrecke net kann ausstoen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire