jeudi 9 décembre 2010

Wanter-Pneuën

All Joers op e Neits ass déi Diskussioun ënnert de Leit iwwer Wanter-Pneuen. Déi eng hätten onbedingt gären e Gesetz fir se obligatoresch ze maachen, déi aner wëlle näischt dovunner wëssen. Déi éischt mengen domatt wär all Problem am Verkéier geléist. Déi zweet trauen sech net fir eng zevill streng Legislatioun ze sinn.
Nondikass ... ass et net méiglech d'Leit einfach per Gesetz ze forcéieren intelligent ze sinn? Et gëtt mer sou lues schlecht wann ech ëmmer méi Lëtzebuerger héieren wéi se hirem Basis-Rassismus oder hirer primärer Auslänner-Feindlechkeet Loft kënnen erausloossen. Mär si jo sou dichteg a mär hunn fir eisen décke 4x4 jo déi beschte Schlappen un. Eise grousse Mercedes Combi oder eise schwéiere BMW huet jo natierlech mat Zäiten dee neieste Modell vu Wanter-Pneu drop. Et mécht ee jo eppes fir d'Sécherheet vun eise Kanner, gell? All déi wou net an dat Konzept passen tëschent BMW X6 a Porsche Cayenne si selbstverständlech eppes wéi Ënnermënschen. Natierlech sinn d'Auslänner dru Schold datt mer äis CO2-Ziiler net ereechen, net dach eise Q7 oder eisen ML.
Wéi wann d'Wanter-Pneuen eng Wonnerléisung zum Problem wieren. Datt de Findel muss gespaart ginn, datt d'Bussen hänke bleiwen an datt d'Camionen iwwer glaat Stroossen rëtschen huet näischt mat Wanterpneuen ze dinn. Dowéngt war awer de Chaos perfekt; net just well Frontalieren mat Summerschlappen ënnerwee waren. Ass dat dann esou schwéier ze verstoen.
Dat wär jo esou eppes vun einfach wann ee just bréicht e Wanter-Pneue-Gesetz ze stëmmen fir den Tanktourismus an de Grëff ze kréien, fir datt kee Camion a kee Bus méi un d'Rëtsche kënnt, fir datt d'Fliiger nees lande kënnen a fir äis CO2-Ziiler ze ereechen. Wahrscheinlech ass dat och d'Léisung dat kee Mënsch méi um Trottoir ausrëtscht. Hei wëll ech awer net falsch verstan ginn: am Prinzip hunn ech guer näischt géint e Wanter-Pneue-Gesetz. Et ass d'Argumentatioun déi mer net geet.
Mär mussen den Däitschen net onbedingt alles nomaachen. Mäi Papp, mäi Grousspapp, mäin Urgrousspapp géife sech am Graf dréine wann se wéissten dat de Lëtzebuerger hire léifste Wonsch well ass de Preisen alles nozemaachen. Et deet mer Leed wann der et nach net wosst, mee an Däitschland ass nach laang net alles roseg. Frot emol en Aarbechter, en Employé oder e Beamten ob et him do sou gutt geet. Schwätzt emol mat engem Selbstännegen oder engem Geschäftsmann a frot deen ob déi däitsch Gesetzgebung esou angenehm ass. Déi hunn e Wanter-Pneue-Gesetz an d'Police-Ween z.B. bleiwen hänken oder rëtschen well se keng Wanter-Pneue kréien.
Wat géifen dann déi Meeschten ënner äis soen wann eng Steiererhéijung néideg wär well all Gefierer vu sämtlechen Verwaltungen mussen équipéiert ginn? Huet een sech dat schonn emol ausgerechent? An Däitschland haaten se dat anscheinend vergiess. Ier een sou séier e Gesetz verlaangt muss een dem Bierger och d'Informatiounen alleguer matdeelen. Alles aanescht ass onéierlech.
Perséinlech fueren ech schonn zënter Joeren mam Bus op d'Aarbecht. Well ech fannen datt et besser ass wann 50 Leit zesummen mat 1 Bus fueren wéi 50 Leit individuell mat 50 Autoen. Wéi ass et méiglech datt mer iwwert e Gesetz debattéieren wat den Individual-Verkéier am héchste Mooss ënnerstëtzt? Ech mengen datt dat dee falsche Wee ass. Mär hunn z.B. e Gesetz wat engem verbidd am alkoholiséierten Zoustand mam Auto ze fueren, mee bei all Police-Kontroll ginn der eng sëllege gepëtzt déi sech net drun halen. Also ass et och keng Léisung zum Problem.
Wéi wär et dann wa mer eng wierklech "gréng" Decisioun géingen huelen a sämtlechen Individual-Verkéier (also Privat-Autoen) verbidde géifen wann d'Wiederkonditiounen (z.B. Schnéi a Glatäis) et verlaangen? Et wär e gerecht Gesetz, e sozialt Gesetz, en ëmweltfrëndlecht Gesetz. Dobäi géif et och nach näischt kaschten.
Mee dofir méisste mer Politiker hunn déi de Courage hätten och emol e strengt Gesetz ze proposéieren am Plaz vun deenen aaneren ze knäipen. Ob mat oder ouni Wanter-Pneuen bleiwt mäin Auto am Garage stoen wann et schlecht Wanterwieder ass. Ech ginn eben deenen Helden déi jo sou gutt fuere kënnen am léifsten aus dem Wee.
A bon entendeur, salut.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire