mardi 31 août 2010

Gocycle


De Mëtteg hat ech Récup vum Horaire Mobile a mär waren bei de VëloCenter op Féiz mäi neien Elektro-Vëlo sichen. Jo et ass mëttlerweil mäin 2. Pedelec, ma den Zweck an de Notzen vun deenen zwéi Gefierer ass net deeselwechten.

Den TidalForce iO Cruiser vu Matra ass e coole Vëlo mat deem et genial ass e flotten Tour iwwer Land ze maachen. De Summer sinn ech öfters emol op d'Vëlosweeër spazéiere gefuer an dofir eegent sech dëse Vëlo wierklech gutt. Säi Gewiicht (35 Kilo) ass awer een Handicap fir z.B. mol schnell bis eng Kommissioun ze maachen oder fir op de Büro ze fueren.

De Gocycle ass ee ganz neit Concept vun Zweerad. De Cader ass grondverschidden vun engem normale Vëlo. Säi Gewiicht (16 Kilo) an seng Maniabilitéit, seng kleng BMX-Rieder an déi ganz verpakten Transmissioun zesummen mat deem relativ staarken Elektro-Motor maachen et zum absoluten Fun-Erliefnis fir domatt ze fueren.

Well de Vëlo guer a glat net op mäin Autosgestell passt sinn ech eben mam Vëlo vu Féiz bis heem gefuer. Fir esou ee Guer-Net-Sportler wéi ech war et Fuerspaass pur an ech sinn domatt gerannt wéi e Mëllen. Echt ... et huet mer schonns laang näischt méi esou gefall wéi mech domatt z'ameséieren. Natierlech huet et säi Präis. Déi groussarteg Qualitéit vun dësem Pedelec kascht natierlech méi wéi e gewéinlechen Elektro-Vëlo. Ma ech krut e super gudde Präis gemaach.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire