vendredi 23 juillet 2010

iPad


Haut Freideg den 23. Juli 2010 ass (endlech) den iPad vun Apple hei zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Vill Leit hunn zanter laangem drop gewaard, an et hunn och e puer Dozen Leit schonns Moies fréi matt Zäit, ier d'Dieren op waren, bei de Buttécker Schlaang gestan.
Alles ass awer vill méi roueg ofgelaf wéi dat am Ausland de Fall war. Mär Lëtzebuerger sinn jo och ziviliséiert. Déi meeschten waren eventuell hieren schonns am nohen Ausland (Frankräich, Däitschland) kafen, well den iPad do e puer Wochen éischter agefouert gouf.

Als Apple-Fan (iPod, iPod nano, iPod touch, MacBook, iMac) louch et op der Hand dat ech jo och dës nei Maschinn vun Apple hunn missen hunn. Mäin iPad wifi 16Gb war ech bei de Computer-Home an d'Belle-Etoile sichen. Ech hat nämlech deementspriechend Chèque-Cadeau fir dësen dohir ze kréien. Ganz relax per Email reservéiert, konnt ech mäin iPad gemittlech am Laf vum Nômëtteg siche goen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire