samedi 30 octobre 2010

Joe Cocker


Heiansdo zitt et mech an eis Rockhal op Belval, zemols wann et heescht esou eng Rock-Legend wéi den Joe Cocker kucken a lauschteren ze goen.
Den Entréespräis war zwar och deementspriechend, mä et war op alle Fall der Wäert. Well ech et sou laang net méi onbedingt aushalen op de Féiss ze stoen, hat ech eis Sëtzplazen geholl. Dat war emol sécher kee Feeler, well den Joe Cocker huet eng aussergewéinlech Show geliwwert, déi een vun eise Plazen aus kloer besser konnt appreciéieren wéi wa mer am Sall gestanen hätten.
Et war e super Owend; leider sinn eis Fotoen net sou extra ginn. Dat war natierlech Schued.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire