lundi 12 juillet 2010

Ungeheuer Street Fiesta


Wann déi "normal" Leit Nopeschfest feieren, dann ass dat Freides Owes no der Aarbecht, gemittlech um Trottoir, am Haff oder am Virgäertchen. Et gëtt e bësse gegrillt, een zesumme gedronk an e bësse Musik gemaach.

Wann bei eis an der Albert-Ungeheuer-Strooss eist Fest ass, dann ass eng gréisser lass. Dat gëtt zanter 2 Joer Sonndes an der éischter Halschent vum Mount Juli organiséiert. Well et eis Strooss jo och eréischt zanter Kuerzem gëtt, war et eng immens flott Iddi vum Thierry a Moreno zesumme matt hire Fraen fir d'Awunner all richteg kennenzeléieren.

Dëst Joer war dat den 11. Juli vun 10 Auer unn. A wann mär feieren da gëtt dat och anstäenneg gemaach. Apéro (Schampes + Schnittercher) offréiert vum Jenny an André well sie am Mee bestuet goufen. Gegrillt gouf vum Meeschter Mike deen säin eegenen Gasgrill zur Verfügung gestallt huet, d'Fleesch gouf beim Metzler Menin bestallt, d'Gedrénks war vum Dépositaire Schaeffer. Den Thierry an de Moreno hunn d'Spiller organiséiert. Ameséiert gouf sech nees köstlech. A fir dat och keen d'Finale vun der Football Weltmeeschterschaft sollt verpassen hat den Thierry eis e Beamer an eng Leinwand organiséiert. Duerno ass den Dag gemittlech beim Patt dobaussen ausgelaf. All zesummen (oder wéinstens bal all, well der e puer schonn wéngt spéider Stonn an d'Bett gaange waren) hunn mer nach alles geraumt an agepakt. Zum Schluss hate mer nach d'Visite vun der Police déi eis vun enger höchst (on-)sympathëscher Madame geschéckt gouf wéngt dem Kaméidi. A well mer sou lautstaark gefeiert hunn, haten d'Agenten eis bal net fonnt.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire