Et muss een zouginn dat dat herrlecht Summerwieder wat mer bis elo haten wierklech ee Genoss war. Extrem héich Temperaturen, strahlende Sonneschäin an déifbloen Himmel iwwer Deeg an Deeg. Den Alex huet an der oppe Schwemm geschafft a konnt bezeihen dat et e groussen Undrang gouf. Doheem war et och immens flott well mer all Dag konnte grillen a vill Zäit op eiser Terrasse verbréngen. Stonnelaang kéinte mer do Rummikub spillen.
Gëschter an haut spillt d'Wieder net esou matt. Reen, bedeckten Himmel a nawell frësch Temperaturen leeden een zu déiwer Laangweil. De Mëtteg reent et sou just net (oder vläit nach net). Hoffentlech verbessert sech d'Saach nach.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire