dimanche 30 mai 2010

Päischt-Vakanz


Och fir Päischten hat ech décidéiert eng Woch Congé ze huelen. Wéngt dem Feiderdag op Päischt-Méindeg an deem halwen fräien Dag Dënsdeg fir d'Sprangprëssessioun war et "bëlleg" un Deeg Congé.
Leider war d'Wieder net deementspriechend schéin fir dovunner ze profitéieren. Eng Kéier konnte mer awer grillen. An da war ech och zwee Mol een Tour mam Vëlo maachen. Eigentlech hätt ech nie geduecht dat dat esou vill Spaass ka maachen.
Hei däerf een sech net ieren: ech spille net matt an deem Haff vu Spezialisten déi 50-80 Kilometer als klengen Tierchen bezeechnen. Wann ech, wéi en Donneschden, 8 Km, oder e Samschden, 12 Km packen sinn ech scho richteg stolz op mech.
Ma wat hunn ech gelidden: genau zum schlechtesten Zäitpunkt huet meng Batterie mech am Stach gelooss. Deen extrem-schwéiere Vëlo (35 Kilo) de Bierg erop ze drécken war eng zimlech haart Erausfuerderung fir mech.
Knapps doheem ukomm hunn ech gläich de Chargeur ugeschloss fir dat et déi nächste Kéier net virkënnt. Et war awer eng immens flott Erfarung, zemools well ech jo schonns 30 Joer net méi Vëlo gefuer war. Ech si jo net wäit gefuer ma déi Vëlosweeër tëschent Zolwer, Suessem an Déifferdang si wierklech schéin. Se féieren een duerch Felder a laanscht Landstroossen déi sou richteg angenehm sinn.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire