jeudi 22 juillet 2010

Fonds de gras


Haut ass eng Photos Ausstellung am Hall Paul Wurth um Fonds de gras ugaang. Herbarium Amoris Das Liebesleben der Pflanzen heescht d'Ausstellung vum Edvard Koinberg, engem schwedesche Fotograf. Well d'Wieder net sou super war hunn mer beschloss bis op de Fonds de gras ze fueren.

Awer net eleng d'Ausstellung ass super schéi gewiecht. Och dem Victor Binck seng Epicerie ass eng Visite wäert. Et ass impressionant wéi een op ee Coup an d'Vergangenheet versat gëtt.
Baussen stinn eng Rei al Maschinnen un deenen ee spiert wéi eng schwéier Arbecht et fréier hei gouf. Den Train 1900 ass sécher och eng Attractioun ouni ze vergiessen "Bei der Giedel" en huelen ze goen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire