mardi 6 avril 2010

Ouschter-Vakanz doheem

Haut de Mëtteg hu mer décidéiert op Réimech ze fuehren. Sou fir een Zeechen ze setzen dat elo endlech déi gutt Saison ugefaang huet.
D'Wieder war jo absolut wonnerbar. Dee schéinste, bloen Himmel a Sonn iwwer Bierg an Dall. Mer hunn also den Hond an d'Léngt gehaang a mer hunn eis op de Wee op d'Musel gemaach. Am Duerfagang hunn ech mech ganz liicht verfuehr a mer hunn ganz no bei der Steierverwaltung geparkt.
E gutt Stéck laanscht Musel spazéiert a mat der Voigtländer e puer Photoe gemaach. Den Hond war begeeschtert, well ech mengen et war fir d'éischt an sengem Liewen dat hien op Réimech war. Nom Spazéieren si mer nach op d'Terrasse eppes drénke gaang. Herrlech no deem laange Wanter emol erem an der Sonn ze setzen a vum schéine Wieder ze profitéieren.
Duerno hunn ech ënnerwee fir heem nach séier dee verknipste Film zu Zolwer beim Schlecker ofginn an dunn gläich heem. Den Hond haat säin Dag jiddferfalls appréciéiert.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire