lundi 5 avril 2010


Nach ee vu menge beléifsten Internet Siten ass ganz kloer "jamendo". Net eleng dat ech Unhänger vun allem wat der Philosophie vum "Libre" entsprëcht, ma och well et do immens vill a gutt Musek erofzeluede gëtt.
Ech kann nëmme jidderengem recommandéieren bis op jamendo laanscht kucken ze goen, oder vläit besser gesot laanscht lauschteren ze goen. Nieft dem Internet Site ass och (wéi hautesdags sou wichteg) eng iPhone/iPodTouch Applikatioun do fir och ënnerwee fräi Musek ze lauschteren. An der Tëschenzäit ass och eng Android Applikatioun fir jamendo ze kréien.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire