samedi 3 avril 2010

Maart an der Stad


D'läscht Joer ware mer öfters op de Glacismaart an d'Stad. Dëst ass e grousse Maart, all 3. Sonndeg am Mount, vu Mäerz bis November (ausser August wéngt der Schueberfouer) deen um iewegten Deel vum Glacis ofgehaale get. Et ass ee Maart deen eis besonnësch gutt gefällt well e bëssen alles do ze kafen ass: Uebst a Geméis, Schieterger a Schung, Biischten a Kleeder, Spillgezei a Brocante ...

Well mer fir eis Ouschter-Deko "Kätzecher" gebrauch hunn, hunn ech virgeschloen an d'Stad op de Maart ze goen. Daat hu mer dann och gemaach an natierlech hu mer daat fonnt wat mer gesicht hunn. Fir Ouschterdag ware mer bei der Schwéiermamm invitéiert, also ware mer e Samsdeg Moien ab op de Maart e schéine Bouquet Blumme kafen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire