dimanche 28 mars 2010

Sokrates


De Site vun Sokrates, en Internet-Portal fir kritesch Zäitgenossen wéi si sech selwer nennen, ass eng vu menge Lieblingssäiten um Internet.
Net selten sinn do immens interessant Artikelen ze liesen an d'Diskussiounen déi do gefouert ginn reegen oft dozou unn sech méi déif Gedanken iwwer déi verschiddenst Themen ze maachen.
Ganz besonnësch géif ech haut wëllen d'Opmierksamkeet op hir Netiquette riichten. Intelligent beschriwwen gëlt dësen Artikel allgemeng fir engem Internet-User Richtlinien ze ginn wéi hien sech soll am WWW verhalen, wann hien eppes als Kommentar schreiwe wëll, seng Meenung vertriede wëll oder an engem Forum mattmësche wëll.
E Klick hei an et gëtt ee weidergeleet op den Netiquette Artikel.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire