mardi 8 septembre 2009

Flotten Tour mam Trike


Haut demëtten haat ech Récup vum Horaire Mobile op der Aarbecht. Also woare mer ee flotten a laangen Tour mam Trike maan.
Fir d'éischt sin mer op Bierchem bei mäi Brudder gefuehr. Vun do aus si mer Richtung Musel iwer Landstroossen gefuehr. Vun Stadtbriedemes bis op Waasserbëlleg déi wonnerschéin Route du Vin erop. Zu Bëlleg sin ech dunn iwer d'Grenz an déi aaner Säit vum Waasser bis op Iechternach ge-cruised. Do hun mer op der Plâz eppes op enger Terrasse bei schéinster Sonn gedronk.
Herno sin mer do gemittlech iwer Jonglënster zréck Richtung Péiténg gefuehr fir bei mäin aaner Brudder. Do eppes klenges gedronk an eng Grimmel giess an dann heem op Déifferdang.
Schlussendlech haate mer iwer 180 Kilometer erof an woaren dee ganze Mëtteg ënnerwee.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire