samedi 15 août 2009

Trike-Ausfluch op Réimech


Waat kann et awer esou flott sin iwert déi schéin Landstroossen vun eisem Ländchen mam Trike ënnerwee ze sin.
Haut waren mer een Ausfluch op Réimech maachen. Déi läschten Joeren ass daat eis Lieblings Destinatioun fir eis kleng Reesen gin. Et mengt een do bal et wier een an der Vakanz. Wonnerschéin Terrassen, vis-à-vis vun der Musel, wou et am Summer immens angenehm ass eppes ze drénken.
Op Mariä Himmelfahrt war zu Réimech Bacchus-Fescht. Esou eng grouss Brocante haat ech schon laang net méi gesin. Op der Plaz, op der Esplanade ... iwerall waren Stänn.
Eppes huet mech iwerrascht: et ass ewell verbueden d'Motorrad op der Plaz ze stationéieren. Ech fannen daat schued, well et war ëmmer e "Bild" wann all déi Gefiehrer ronderëm geparkt waren.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire