samedi 7 février 2009

Wann ech Samschdes sou fréih opstoen méisst fir op d'Aarbecht géif ech mech beschwéieren. Fir an d'Kuer maachen ech et bal fräiwëlleg. Demoïen woar ech schon um 7.15 Auer am Pavillon Fango fir ze knieten. Duerno an d'Electrothérapie an zum Schluss nach an en Uehleg-Bad.

Obwuehl ech haut zimlech relax mam Auto gefuehr sin woar ech schon um 9.00 Auer doheem. D'Schwéierleit hun eis nach e puer gutt Saachen heembruecht an dann hun ech mech mol op de Canapé geluecht an 2 Stonnen nô-geschlof.

Demëtteg ee gudden Poirot um Fernseh gekuckt an dann ass de Samschden jo schon bal eriwer.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire