vendredi 6 février 2009

Demëtteg woaren d'Übungen um Ball extra unstrengend fir d'Bauchmuskelen. Ma wéi gewinnt hun mär awer och erem gutt gelaacht.

Gläich duerno sin ech an d'Electrotherapie gaang. Hei waat hun ech mech do blaméiert. Ech haat mech bewegt (et soll een awer schéin rouheg do leien bleiwen)  an den Apparat ass stoen bliwen. Do huet d'Pfleegerin mer geziehlt et wier net schlëmm, ma hatt géif de Männer et nie soen, well déi wëssen jo dass een de Stromkrees net ënnerbrëcht.

Am Prinzip hätt ech dann eng länger Paus gehaat, ma ech sin mech awer gläich am Pavillon Fango unmellen gaang. Dës Kéier sot ech der Pfleegerin wéi gutt dass de Fango deet. Sie woar erstaunt doriwer well jiddereen sech am Allgemengen nëmmen ze bekloen weess. Ech fannen daat schlëmm dass d'Leit nie daat können appréciéieren wann sie esou Pfleegen zegutt hun.

Zum Schluss nach an ee gutt-richend Bad waarmt Thermalwaasser mat Pinien-Essenzen (de Pfleeger seet dofir "de Schnaps"). Eigentlech woar ech dunn eng gutt Stonn ze fréih doheem.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire