lundi 9 février 2009

Nach just 1 Woch Kuer


Waat woar daat ee langweilegen Sonndeg. T'ass selten dass ech sou eppes soen: ech sin frouh dass et nees Méinden ass. Perséinlech hun ech et zwar einfach, well ech hun nach 1 Woch Kuer.

Haut ass déi läscht Woch Kuer ungaang mat deene selwechten Pfleegen wéi Méindes virgesin. "Groupe Dynamique", wéi gewinnt ouni dass ech d'Gläichgewiicht um Ball behaalen, gefollegt gläich drop mat Fango vun Genéck bis zu de Féiss.

Mäin Masseur haat demëtteg fräi an hien gouf ersaat duerch eng vun senge Kolléginnen. Ouni wëllen hei macho ze sin, huet et mer besser gefall wéi wann hiere Kollég mech masséiert. Zum Schluss nach ee waarmt Bad sou dass ech de Massage nach méi laang konnt genéissen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire