mardi 10 février 2009

Waat e Wieder!


Gëschter owend dee ville Schnéi an duerno Reen, an Nuets de Wandstuerm deen ungaang ass. De moïen erem Schnéi a Reen a Stuerm. De Grill am Gaart gouf emgehäit an d'Drecksköschten trëllen déi ganzen Zäit. Ech fannen et geet elo definitiv duer mat deem schlechte Wieder.

Demëtteg woar deen 2. Rendez-Vous vun der Kuer beim Dokter. D'Resultater vun menger Blut- an Waasseranalyse sin voll an der Reih. Well mer eis eens sin dass d'Pfleegen vun der Kuer efficace sin hun mär beschloss d'nächst Joer neess eng unzefroen.

Natierlech woar ech eppes ze spéit un fir de "Groupe Dynamique". Duerno hun ech e bësse missen waarden bis dass ech beim Masseur un der Reih woar. Zum Schluss nach en "Bain Oxhydrique" (also een Sprudel-Bad) an dann woar et schon erem eriwer fir haut.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire