mercredi 11 février 2009

Sonn a bloen Himmel


Sonn a bloen Himmel ... déi 2 do haate mer schon laang net méi gesin. Daat huet de moïen richteg gutt gedoen. Et woar zwar net vun laanger Dauer, mee mär huelen waat mer kréien.

D'Kuer ass haut programmgeméiss verlaaf: Groupe Dynamique, Electrotherapie, Uehleg-Bad an Fango. Ech mengen ech hun dem Soigneur net zur Zäit Bescheed gesot, well de Strom mer haut e bësse wéigedoen huet. Duerno daat Uehleg-Bad waat esou gutt deet.

No der Kuer nach bis op d'Bank eng Doktesch-Rechnung bezuehlen an bis an d'Apdikt meng Medikamenter sichen. An dann nach an de Cactus fir déi faméis Client's-Kaart. Wahrscheinlech huet geschwen all lëtzebuerger Stoot déi Kaart.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire