Op der Post hun ech d'Proprietairin vun eisem aalen Haus begéint, déi mech gefrot huet ob et normal wier dass d'Chaudière souvill Kaméidi géif maachen. Wann een net reegelméisseg Waasser nofëllt, dann ass dee Risiko natierlech grouss, dass een Defekt mol entsteet.
De mëtteg ass d'Kuer programmgeméiss verlaaf, daat heescht dass déi selwecht Pfleegen ungesot woaren wéi läschte Mëttwoch. Et ass och näischt spezielles virkomm. Also ass näischt extraes ze mellen.
No der Kuer woar ech nach op d'Raiffeisen d'Rechnung vun demoïen (menger Fra hir Bicher) bezuehlen an och nach bis an d'Apdikt meng Medikamenter sichen. Ouni déi leeft leider net vill.
Méi spéit goufen mär bei eis Nôperen eriwer op e Patt angelueden. Et woar ee richteg flotten, lëschtegen an angenehmen Owend. Mär feeën eis schon fir sie am Fréijoer bei eis anzelueden.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire