Fir demëtteg woaren nëmmen 3 Pfleegen programméiert. Um 14.00 Auer woar wéi gewinnt "Groupe Dynamique" virgesin. T'ass einfach näischt ze maachen: ech behaalen d'Gläichgewiicht net op deem décken Turnball. Do suergen ech ëmmer neess fir Heiterkeet an eiser klenger Ronn, well ech sin zimlech expressiv wann ech mat den Äerm ronderem dréinen.
Duerno sin ech gläich bei de Masseur gaang. Well ech ze fréih un woar hun ech e bësse misse waarden. Zum Schluss nach an d'Bidden fir en "Bain Oxygazeux". Daat ass e Bad mat lauter Sauerstoff-Blosen déi am Thermalwaasser sprudelen.
Doheem woaren meng Hannergrën fir Photoen ze maachen geliwert gin, déi ech e Sonnden owend bestallt haat. Déi Hannergrën aus Stoff sin handbemolt an sin wonnerschéin. Ech sin emol gespaant wéi d'Resultater wäerten gin.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire