De Programm vum 2. Donnescheden vun menger Kuer ass um 14.00 Auer mam "Groupe Dynamique" ungaang an et woar alt mol erem witzeg wéi ech mat béiden Äerm an der Loft gewullt hun fir mäin Gläichgewiicht um Ball ze behaalen. Duerno woar een "Bain Oxygazeux" um Programm. Leider haat mäin Masseur, ee sympatheschen Tunesier vun Bouneweeg, deen nôm Bad virgesin woar, zimlech an Verspéidung, sou dass ech net zur Zäit an der Sophrologie konnt sin. Ech muss awer nach eng Kéier betounen, dass Sophrologie wierklech net menges ass.
Haut denowend haaten mer doheem Rendez-Vous mat eisem Elektriker. Den Ventilator an eisem Buedzëmmer haat de Geescht opgin. Daat schéngt dann elo mol erem ze klappen. An enger 14 Deeg méisst hien erem kommen fir eis d'Luuten fir baussen (viicht Dier, Terrasse hannenausser) installéieren ze kommen. Mat e bësse Chance hun mer se vläit fir d'Fréijoer.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire