lundi 2 février 2009

2. Woch Kuer

Haut ass déi 2. Woch vun der Kuer ungaang. De moïen woaren jo e puer Problemer am Stroosseverkéier wéngt dem Schnéi deen an der Nuecht gefall woar. Also haat ech beschloss gläich nôm Iessen op Mondorf ze fuehren, ongeféier 1 Stonn éischter wéi gewinnt. Well awer an der Tëschenzäit d'Haaptachsen all gutt fräi woaren, koum ech vill ze fréih un. Ech hun déi Zäit genotzt fir mech op enger Couch ze relaxéieren, Musik vum iPod ze lauschteren an d'Zeitung ze liesen.

Um 14.00 Auer ass et programmgeméiss mam "Groupe Dynamique" ungaang. Duerno woar Fango ungesot. An dann sin ech an den Pavillon Massages gaang, ma do haat mäin Masseur e bësse Verspéidung. Nôm Masseur sin ech nach an d'Bidden geklommen.

An den Owend sin eis kleng Nôperen fir Liichtmëssdag sangen komm. Dee ganzen Text konnten se tiptop auswendeg. Et woar richteg flott, eisen 1. Liichtmëssdag an der Cité.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire