samedi 31 janvier 2009

Samschdes ass och Kuer


De Moien huet et geheescht fréih opstoen, well déi éischt Pfleeg woar fir 7.30 Auer programméiert. Also sin ech um 6.10 Auer opgestan fir mech gemittlech fäerdeg ze maachen an op Mondorf ze fuehren. Samschdes fréih ass et nawell fäin fuehren, well net sou vill Leit ënnerwee sin.

Haut haat ech Fangokneten fir d'éischt. Dofir krit een eng Biidchen mat Fango op eng Aarbechtsplakk gestallt. Do sëtzt een sech dann virdrun an et kniet een 10 Minuten laang mat béiden Hänn duerch de Fango.

Als zweet woar Electrotherapie um Programm. Well ech schon 2 Mol d'Elektroden uewen um Réck ungeluecht krit hun, goufen se haut ënnen um Réck plazéiert. Zum Schluss haat ech nach een Uehleg-Bad. Dofir hun ech e bësse misse waarden, well ech ze fréih un woar. Wann een zu Mondorf waarde muss, stin iwerall entweder Liegen oder Couchen zur Verfügung fir ganz relax d'Zäit ëmzekréien. Déi puer Minuten déi ech do hun missen waarden haat mech mäin iPod un mat gudder Musik déi ech vun www.jamendo.com erofgelueden haat.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire