jeudi 29 janvier 2009

Sophrologie ass net menges

Um 4. Kuer-Dag sin d'Pfleegen wéi och déi Deeg virdrun mam "Groupe Dynamique" ungaang. Eng Saach steet fest, ech behaalen einfach d'Gläichgewicht net op esou engem groussen Gymnastik-Ball. Déi Turnübungen sin ouni Zweifel ee witzegen Deel vun der Kuer.

Haut haat ech gutt Zäit fir nôm Kiné erof an de Vestiaire ze goen an de Buedmantel unzedoen a mäin Handduch matzehuelen fir an d'Bidden ze goen. Déi woar mat wuarmen Thermal-Waasser gefëllt. Mäin Soigneur huet sech ge-iert gehaat. Amplaaz vum Sauerstoff am Thermal-Waasser huet hien mer Pinien-Essenzen an d'Waasser geschott. Daat huet richteg gutt gericht an et woar richteg angenehm. Leider dauert esou een Thermal-Bad nëmmen 12 Minuten. Et géif een alt gäer méi laang dran leien bleiwen.

Duerno ass et bei de Masseur gaang, fir de ganzen Réck duerchmasséiert ze kréien. Well ech duerno och erem gutt Zäit haat, sin ech erem zréck an de Vestiaire gaang fir mech zum Deel aanescht unzedoen. Am Gebai vun den Al Thermen, am Sall Symphonie, wou och de "Groupe Dynamique" ofgehaalen get, woar fir d'éischte Kéier Sophrologie ungesot. Dat ass eng Relaxatiouns-Method déi sech wahrscheinlech bei ganze ville Leit als efficace erwisen huet. Menges ass et awer net. Leider dauert déi Séance eppes méi wéi eng Stonn.

Menger Meenung no huet déi Relaxatiouns-Séance hieren Zweck bei mär total verfeehlt, well ech woar herno vill méi opgereegt wéi virdrun. Vläit well haut d'Kuer eng Stonn méi laang gedauert huet wéi déi éischten Deeg. Sou séier wéi ech haut op der Autobunn ënnerwee woar sin ech schon immens laang net méi mam Auto gefuehr.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire