No der Electrotherapie sin ech bis an de Vestiaire erof gaang fir mäin Buedmantel unzedoen an fir meng Dicher sichen ze goen. Eng gutt Zäit ze fréih un sin ech an de Pavillon vum Fango gaang. Déi Soignante déi sech ëm mech bekëmmert huet mär e puer gutt Rotschléi gin fir meng drëschen Haut. Zum Schluss, mat bal enger Stonn Verfréihung, sin ech an eng wuarm Bidden geklommen mat Thermalwaasser.
Well et jo dann nach zimlech fréih woar, sin ech nach e bëssen akaafen gaang. E puer T-Shirts, e Puer Turnschlappen, eng Spezial-Seef an eng Crème. An haut geet et mat Zäit an d'Bett well muer de moïen geet déi éischt Pfleeg schon um 7.30 Auer un.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire