Haut woar zu Audun-le-Tiche d'Begriefnis vun deenen 3 eeler Persounen, déi bei Féiz e Freideg erdronk woaren. Meng Fra huet déi Leit gutt kannt, well se d'Elteren vun enger Frëndin woaren. Well hatt de mëtteg mat begruewen gaang ass, hun mär bei de Schwéierleit giess. Ech sin also direkt nôm Iessen op Mondorf gefuehr.
Wéi all Dag ass et och haut mam "Groupe Dynamique" ungaang. Déi puer Übungen déi do ze maachen sin gin ëmmer méi sportlech an et geréit een nawell an d'Schweessen. Duerno woar Electrothérapie ungesot. Een liichten elektreschen Strom get iwer 2 Elektroden uewen um Réck bei de Schëlleren geleet. Als nächst koum ech an eng Bidden mat wuarm Waasser an vill Uehleg, wat extra angenehm fir d'Haut woar. Zum Schluss nach Fango an wuarm ôfgeduscht. Do woar et schon Zäit fir zréck heem ze fuehren.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire