Leider haat meng Doktesch eng hallef Stonn Verspéidung an mär hun missen séier virun maachen, well den "Groupe Dynamique" woar um 14:00 Auer programméiert. Schnell de Krankeschäin fir d'Aarbecht ausgefëllt, eng Ordonnance fir eng Bluddanalyse geschriwen, de Blutdrock gemooss an e puer Froen gestallt, an do woar et héich Zäit fir an d'Al Thermen ze laafen. Natierlech woar ech do ze spéit un an d'Übungen woaren schon am Gaang.
Nôm Kiné duerft ech gläich bei de Masseur, deen mech fir t'éischt an d'Bidden geschéckt huet. Dës Kéis woar d'Waasser woarm an liicht brong. An der Bidden woar eng Sauerstoff-Matte wou vill déck Bloosen duerch d'Waasser dem ganze Kierper gutt din. Duerno bei de Masseur deen engem de ganze Réck duerch gekniet huet an do woar et dann och schon neess eriwer fir haut.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire