lundi 26 janvier 2009

Den 1. Dag Kuer


De Moien woar d'Opreegung grouss. De Schweess ass mer ausgebrach an ech hunn nach eng Kéier missen duschen ier ech dann op Mondorf gefuehr sinn.
Deen éischten Dag soll een eng hallef Stonn méi fréih do sinn, fir de Programm ausgehändegt ze kréien, déi aktuell 120,64 € eegen Participatioun ze bezuehlen an mam Lift erof an de Vestaire säin Buedmantel an seng Handdicher sichen ze goen.

Dann geet et och gläich lass fir dee richtegen Pavillon ze fannen. E bëssen Orientéierungssënn soll ee schon matbréngen, well fir all verschidden Pfleeg get et deen eegene Pavillon.
Ech hunn zesummen mat engem aaneren Här mat "Groupe Dynamique" ungefaang. Daat ass eng Zort Turnen fir de Réck ze stäipen an Übungen fir de Gläichgewiichtssënn ze stäerken. Déi Gymnastik get selbstverständlech vun engem Kinésitherapeute geleed.

Gläich duerno woar dann Fango un der Reih. Dee wuarme Bulli am Genéck, am Réck, op de Féiss, Hänn an aaner Gelenker deet nawell gutt. Da get een ofgeduscht an et mecht een sech op de Wee bei den Masseur. Esou eng Ganz-Récken-Massage deet herrlech gutt. An zum Schluss nach an eng Bidden mat wuarm Waasser an wuehldoend Uehleg dran.

Also fir een éischten Kuer-Dag woar et dach guer net sou schlecht. Muer ass als éischt de Rendez-Vous beim Dokter un der Reih.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire