samedi 6 juin 2009

Tour mam Trike


Den 1. Mee war ech bei herrlechem Summer-Wieder ee fantasteschen Tour mam Trike maachen. Wéi sou oft wann ech mat méngem "Dräirad" ënnerwee sin cruisen ech gemittlech iwert eis Landstroossen Richtung Réimech.
Dës Kéier sin ech iwer laang gezunnen Ëmweeër op d'Musel gefuehr fir e Maximum vum schéinen Panorama ze profitéieren. Et huet richteg gutt gedoen endlech emol neess "Summer" ze hun.
Tëschent Schengen a Réimech war e bëssi Stau well d'Route du Vin jo en Touristen-Magnéit ass. Dobäi kënt dann och nach dass d'Muselbréck gespaart ass wéngt Aarbechten.
Ganz vill Motorrieder waren ënnerwee an haaten sech Rendez-Vous op den Terrassen gin. Well ech eleng war sin ech just gemittlech laanscht gefuehr an duerch Réimech iwert d'Landstrooss zréck Richtung Minett.
Vun Süd-Westen bis Süd-Osten hun mär wierklech Chance esou schéin Stroossen ze hun wou een gemittlech kann esou een Tour maachen, deen bal 2 Stonnen gedauert huet. Waat war dat eng Freed.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire