samedi 18 avril 2009

Trike - Reparatur


E Mëttwoch, wou et nach super Wieder war, hun ech mäin Trike duerch d'Kontrollstatioun bruecht. Do ass den Broch vun enger Schrauw vum Support vun der Schaltung festgestallt gin.
Gläich hun ech mech op d'Been gesat fir mat mengem Trikeschrauwer, deem gudden aalen Phony, mäin Gefier op Vordermann ze brengen.
Freiden demëtteg hun ech meng Récupératioun vum Horaire Mobile erangeholl an hun also zesummen vun 14:00 Auer bis bal 23:00 Auer dorun geschafft.
De Motor démontéieren, d'Boîte erauszéihen, d'Plâz mat der Trennscheif schläifen, eng nei Schrauw unschweessen, an alles neess vun hannen zréck opgebaut.
Deen aarmen Phony haat aaner Saachen ze din an mär sin zwar allen 2 elo gebrach, ma et war der Wert, well mäin Trike ass neess parat fir op d'Strooss.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire