vendredi 13 février 2009

Mäin Dokter deen mech zanter menger Longen-Op behandelt haat mer am Oktober eng Blutanalyse verschriwen. Well ech nächst Woch bei him Rendez-Vous hun sin ech demoïen an de Labo gefuehr. Wéi meeschtens woar et och dës Kéier schwéier fir eng Oder ze fannen.

D'Kuer geet esou lues op säin Enn zou. Demëtteg woar fir d'läscht dann emol "Groupe Dynamique" mat eiser sympathescher Kiné vun deem ech net emol de Numm weess. Schued. Duerno sin ech schnell bis an de Vestiaire erofgaang mäin T-Shirt ausdoen an déi oppen Schlappen undoen. Gläich drop haat ech Electrotherapie. An dann an de Pavillon 200 fir eng läschte Kéier eng komplett Fango-Behandlung ze kréien.

Zum Schluss haat ech nach e Bad mat Pinien-Essenzen. Ech souz schéin gemittlech an relax ze waarden dass ech un der Rei soll sin beim Pavillon Massages. Gutt dass mäin Soigneur mech gesin huet do sëtzen. Hien ass op mech zoukomm fir mer Bescheed ze soen ech kéint direkt nôm Masseur an d'Bad kommen. Waat woar ech frouh dass hien mer daat soen komm ass, well soss hätt ech können ëmsoss do waarden bis Feierowend, well ech haut jo guer keen Massage haat. Mär hun alt gutt gelaacht.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire