Um 6.15 Auer sin ech opgestaan an hun mech séier gewäsch an ungedoen fir mech op de Wee ze maachen. Et ass nach eng läschte Kéier Fangokneten gin, duerno Electrotherapie an dann en Uehleg-Bad.
De läschten Kuer-Dag muss een säin Programm am Accueil ofgin an ënnerschreiwen. Am Vestiaire gët een dann séng Bueddicher an säin Buedmantel mam Ziedel ôf, wou all Dag e Stempel gemaach gouf wann een d'Dicher kritt an zréckgin huet.
Et woar eng angenehm Erfahrung déi ech gäeren d'nächst Joer géif erneieren, wann den Dokter mer nach eng Kéier wéilt eng Kuer verschreiwen. Op jiddefall ass et eng nëtzlech Saach, déi dem Kierper, an och der Séil, wierklech guddes deet. Ech hun meng Meenung zu den Thermal-Kueren geännert während deenen 3 Wochen zu Mondorf. Et ass sëcherlech net nëmmen eppes fir eeler Leit; ech denken et sollt een schon éischter mat Kueren unfänken fir an engem besseren Zoustand aal ze gin. Elo sin ech gespaant wéi laang déi Kuer undauert.
Haut ass Vältesdag an ech sin also mol an de Blumme-Buttéck eng Orchidée kaafe gaang. Denowend gin mär dann nach eraus iessen an dann wäert ech menger Fra och den Bon-Cadeau Wellness zu Mondorf iwerreechen.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire